
An der Géigend vun der Plaz, wou de Vëlo geklaut gouf, Géigend Rue Adolphe Krieps, stoung e Grupp vu 15 jonke Männer, de Besëtzer vum Vëlo huet dunn e jonke Mann op säi Vëlo, dee verschwonnen ass, ugeschwat. D'Affer gouf doropshi mat Fäischt a mat de Féiss geschloen, wouduerch hien eng Partie Blessuren dovunner gedroen huet.
Wärend deem de Beschëllegten d'Affer duerch d'rue du Chemin de Fer gezunn huet, huet eng Passantin dat Ganzt matkritt an huet sech dunn an d'Situatioun agemëscht. Den Ugräifer ass doropshi fortgelaf an d'Police gouf kontaktéiert. Den Täter gouf allerdéngs net méi vun der Police opfonnt.
Well de Park zu dëser Zäit an der Géigend vun der Dot gutt besicht war, géif d'Méiglechkeet bestoen, dass Persounen eppes matkritt hunn, wéi de Vëlo geklaut, oder d'Affer zerschloe gouf.
All Informatiounen, déi zu der Ermëttlung vum Täter bäidroen, si fir d'Police vun Déifferdeng um 244 531000 oder iwwer Mail op police.differdange@police.etat.lu.