
D'Beamten hunn déi presüméiert Täter op frëscher Dot ertappt. Si goufen an der Avenue de la Gare an an der Rue de Strasbourg op Uerder vum Parquet festgeholl.
Wéinst dem dréngende Verdacht, datt si Drogekugele kéinten ofgeschléckt hunn, huet de Parquet bei deenen zwee Verdächtegen eng klinesch Untersuchung ugeuerdent. Dobäi konnt eng Kokainkugel séchergestallt ginn. D'Droge goufen zesumme mat Boergeld an zwee Handye séchergestallt. Déi zwee presuméiert Dealere goufen den Dënschdeg dem Untersuchungsriichter virgefouert.
Schonn e Méindeg de Moie konnt géint 7 Auer ee presuméierten Dealer festgeholl ginn, dee grad ee Verkaf un ee Konsument wollt ofschléissen. Obwuel hie probéiert huet, sech duerch d'Bascht ze maachen, konnt hien no enger kuerzer Poursuite duerch d'Avenue de la Gare an d'Rue Fort Neipperg ënnert der Ënnerféierung Chemin de Fer gestoppt ginn.
Nieft dem presuméierten Dealer louchen eng Rei Drogekugelen um Buedem, déi doropshi séchergestallt goufen. Alles an allem goufen néng Kokainkugelen, 102 Euro Boergeld a klenge Schäiner a Mënz an een Telefon beschlagnaamt.
De Mann gouf nach den nämmlechten Nomëtteg virun eng Untersuchungsriichterin bruecht, déi dorop ee Mandat d'arrêt géint de Mann erlooss huet.
De Méindegowend géint 21.30 Auer huet d'Police dunn ee véierte presuméierten Dealer festgeholl, nodeems hie virun enger Bar an der Rue de Strasbourg eng Kokainkugel verkaaft hat. Nieft Droge goufe bei him och nach 503 Euro Boergeld fonnt. Och hie gouf festgeholl an der Untersuchungsriichterin virgefouert.