Beim Opfueren op d'Autobunn gouf d'Gefier vun enger Automobilistin vun engem Camion touchéiert. Duerch den Impakt huet sech den Auto ëm seng eegen Achs gedréit a gouf widder d'Leitplanke vun der lénkser Spuer geschleidert.
D'Automobilistin gouf liewensgeféierlech blesséiert a koum, nodeems d'Persoun op der Plaz vum Noutdokter versuergt gouf, an d'Spidol. Wärend dem Asaz vun de Rettungsekippe war d'Autobunn kuerz gespaart ginn, wat zu zolittem Stau gefouert hat.
Kuerz virun 13 Auer sinn en Auto an e Motocyclist zu Käerjeng an der Lëtzebuerger Strooss net laanschtenee komm, verwonnt gouf awer keen.
Géint 13.46 Auer krute sech op der A13 vun Éilereng Richtung Lankelz 3 Gefierer ze paken. 2 Persoune goufe bei der Kollisioun blesséiert. Am Asaz waren 2 Ambulanze vu Péiteng an d'Käerjenger an Escher Pompjeeën.
Géint 17.50 Auer sinn op der A6 a Richtung Arel en Auto an e Motorrad kollidéiert. Eng Persoun gouf blesséiert. De Samu, d'Ambulanz vu Mamer an d'Pompjeeën aus der Stad waren op der Plaz.