
D'Fra stoung zu Péiteng an der Route de Luxembourg beim Bancomat, wéi si vum Onbekannten ugeschwat gouf. De Mann konnt hir d'Kaart klauen, ouni datt si eppes gemierkt huet.
Wéi d'Police weider schreift, huet de Mann duerno eng gréisser Zomm Suen opgehuewen. Den Täter soll franséisch mat Accent geschwat hunn.
Sämtlech Informatioune si fir de Policebüro vun Déifferdeng um (+352) 244 53 1000 oder per E-Mail op Police.DIFFERDANGE@police.etat.lu.