Regierung bleift dobäiTracing-App weiderhi keng Optioun zu Lëtzebuerg

RTL Lëtzebuerg
Ausser d'CSV hunn och all d'Fraktiounen e Méindeg éischter skeptesch géintiwwer vun enger App reagéiert a sinn domat op der Linn vun der Regierung.

Et bleift derbäi: bis op Weideres setzt d'Lëtzebuerger Regierung net op eng Tracing-App fir an der Lutte géint de Covis19-Virus weiderzekommen, respektiv géint d'Pandemie unzekommen.

Wéi et e Méindeg vun de Ministere Lenert a Bettel virun den Deputéierten aus dem Chamberbüro an der Presidentekonferenz geheescht huet, géif esou eng Handys-Applikatioun keng Plus-Value duerstellen. Duerfir géif een och weider op den analogen Tracing setzen, well dëse méi fiabel wier.

Ausser d'CSV hunn och all d'Fraktiounen éischter skeptesch géintiwwer vun enger App reagéiert a sinn domat op der Ligne vun der Regierung.

Eng vun de Kriticke war z.B., datt et schwiereg wier, nodeems d'Regierung bis ewell Retizenze vis-à-vis vun der App hat, fir dës lo fir d'Leit "acceptabel" ze maachen, wann dat néideg wier.

Wat d'allgemeng Corona-Situatioun ugeet, sou huet d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert vun aktuell stabele Chiffere geschwat - d'Ekippen am Ministère wieren awer prett, wa sech d'Situatioun sollt änneren.

D'Ministesch wëll dann och d'Vacancieren, déi zréck aus hire Vakanzendestinatioune kommen, drop sensibiliséieren, fir sech testen ze loossen.

En Dënschdeg de Moie ginn d'Debatten tëscht der Regierung an den Deputéierten am Kader vun der Santés-Chamberkommissioun weider.

Back to Top
CIM LOGO