
Dës Woch hunn eng Rei Wënzer dann och mat der Lies ugefaangen. Eng Lies, déi Corona-bedéngt natierlech anescht ausfält.
An dat an der Haaptsaach well d'Saisonsaarbechter dëst Joer net wéi gewinnt einfach esou op Lëtzebuerg konnte kommen. Iwwert d'Wäibauinstitut goufen awer Bonge verdeelt, fir déi Leit, déi bei der Lies hëllefe kommen, kënnen testen ze loossen, wéi de Wäibauberoder Serge Fischer erkläert:
„Also all Betrib ass ugeschriwwe ginn, esouwuel Bauer, wéi och Wënzer, déi mat Saisoniere schaffen. An do kruten si och Richtlinnen, wéi si solle verfueren. An do sinn elo och Richtlinnen erauskomm op deene Sproochen, wéi Rumänesch, Polnesch asw., dass déi Leit, déi do schaffen, sensibiliséiert ginn. Gläichzäiteg ass eng Aktioun gestart ginn, fir se alleguer testen ze loossen.“
Bis ewell wiere ronn 1.300 där Bonge verdeelt ginn, esou de Serge Fischer weider. Anerer hunn dogéint komplett op Plang B gesat an dëst Joer iwwerhaapt keng Aarbechter aus Polen oder Rumänien engagéiert. De Luc Duhr vum Domaine Clos Mon Vieux Moulin:
„Punkto Lies hu mir eis dëst Joer e bëssen anescht opgestallt. Mir hate soss déi Joren alt emol bis zu 10 Aarbechter aus Polen. Dëst Joer hunn elo eng Ekipp haaptsächlech aus der Famill, aus dem Ëmkrees, aus dem Frëndeskrees, déi di lescht Wochen eis kontaktéiert hunn, ob mir Hëllef bräichten an esou.“
Dat géif hinnen och eng méi flexibel Lies erlaben an deemno dofir suergen, dass deen absolut beschten Zäitpunkt fonnt gëtt.
