
Effektiv seet de Landwirtschaftsminister Romain Schneider op eng parlamentaresch Fro vum Sven Clement (Piraten), datt dëse Mortalitéitsindex mat 15% vun de Randbéischten, déi bannent dem éischte Liewensjoer stierwen, héich ass. Als normal gëtt en Taux vun 10% ugesinn.
De Sven Clement hat den Mortalitéitstaux als "besuergneserreegend" bezeechent.
Bei den Doudesursaache vun de Kaalwer ginn et der eng Rëtsch, sief et Problemer bei der Gebuert oder och Krankheete vun den Otemweeër oder dem Daarm.
D'Kaalwer ginn definéiert als Ranner tëscht der Gebuert an engem Joer: déi meescht vun de ronn 1.000 doudege Kaalwer, déi de Mount an der Moyenne a Lëtzebuerger Ställ stierwen, verscheeden kuerz no der Gebuert (42%).
All drëtt Kallef, dat net iwwerlieft, stierft bannent engem Mount no senger Gebuert, all véiert gëtt keen halleft Joer al.