
Wéi den ACL mellt, ass et um CR174 tëscht Déifferdeng an Hussigny (F) zu engem Äerdrutsch komm. Deem schéngt awer net esou ze sinn.
Well awer de Risk besteet, dass d'Strooss kéint asacken, huet d'Streck bis op Weideres misse gespaart ginn. Dat krute mer esou vu Ponts et chaussées bestätegt.
Eng Deviatioun ass gezeechent.