Plo vun HarespelenStéierend, ma seele geféierlech

RTL Lëtzebuerg
Mat e puer einfachen Tricke kann een d'Déiere lassginn. Dobäi gëllt awer ëmmer, net no hinne schloen oder op se blosen.
Plo vun Harespelen: Stéierend, ma seele geféierlech
Mat e puer einfachen Tricke kann een d'Déiere lassginn. Dobäi gëllt awer ëmmer, net no hinne schloen oder op se blosen.

Dëst Joer huet eng ganz besonnesch Attack fir Opreegung gesuergt. An Däitschland goufe 16 Schüler vun Harespelen ugegraff.

Harespele sinn dëst Joer eng uerg Plo. Knapps sëtzt een am Gaart oder op der Terrass, huet een d'Insekte scho bei sech. Impressionnant, wann ee bedenkt, dass just zwou vun enger ronn dräihonnert Zorten hei am Land engem d'Liewe schwéier maachen. E Grond zur Suerg? Net onbedéngt, mä et muss een oppassen.

Déi Canicule elo, déi huet sécher och hinnen ze schaffe gemaach, grad wa se dann an enken Tëscheraim hir Näschter hunn, wou et sech immens ophëtzt, wou et dann immens waarm ginn ass an där Zäit, da ginn déi och e bësse manner bequem ewéi se et normalerweis wären“

Dobausse schéngen d'Leit sech zwar drun ze stéieren, dass d'Harespelen op den Teller geflu kommen, an awer schéngt et och e gewëssent Versteesdemech, fir déi kleng Déiercher ze ginn.

Ja das stört natürlich. Aber das ist der Monat auch, wo die Wespen jetzt enorm auch stark eigentlich hier rumfliegen. Von daher gehen wir damit ganz ganz gut um.“

Et ginn awer e puer Tricke fir a Rou gelooss ze ginn...

Ebe virun allem roueg bleiwen, net ronderëm sech fuchtelen, net op se blosen, oppasse beim Iessen, d'Saachen ofdecken, fir se guer net esou unzelackelen. Et kann een awer och kucken, dass een duerch Gerécher se guer net ulackelt, andeem een zum Beispill Kaffi verbrennt oder mat ethereschen Ueleger schafft.“

A wat maachen, wann een een Nascht fënnt?

Ma wann een dann elo wierklech e Problem mat sengen Harespelen huet, da kann ee sech bei „natur & ëmwelt“ direkt mellen, oder eben op der Gemeng, do kritt een da Kontakt vun engem Harespelsberoder.“

Wann ee sech dann trotzdeem vun den Harespele gestéiert fillt an a Rou wëll iessen oder drénken, da soll ee se just lues mat der Hand ewech beweegen a se op kee Fall hektesch ewech joen oder se ewech blosen.

Generell gëllt awer, dass Harespelen net ugräifen, wann ee se mat Rou léist.

Back to Top
CIM LOGO