Schueberfouer a Blues'n Jazz Rallye ofgesotStad Lëtzebuerg huet alternative Programm "D'Stad lieft" presentéiert
D’Schueberfouer an de Blues'n Jazz Rally sinn dëst Joer annuléiert, dat wéinst der Evolutioun vun der Coronapandemie, sou d’Stad Lëtzebuerg e Méindeg.
Wéi d’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer d’lescht Woch awer scho gesot huet, ginn et e puer Spiller a Buden um Glacis an op anere Plazen an der Stad.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
E Méindeg de Moien huet d’Stater Gemeng dann och e Summerprogramm vu Festivitéite presentéiert an dat ënnert dem Numm "D'Stad lieft". Nieft open-air Kinoe ginn et ënnert anerem och kleng Concerten de Weekend vun der Fête de la musique den 18. Juni an um Virowend vu Nationalfeierdag den 22. Juni.
PDF: Summer in the city 2021