
Et wier inakzeptabel, datt de Lëtzebuerger Stolris sech aus der geplangter Vente vum italienesche Stolkonzern Ilva zeréckzitt. Dat wierklecht Ziel vun ArcelorMittal wier et, fir am Süde vun Italien 5.000 Plazen ofzebauen, sou den italienesche Regierungschef.
Arcelor Mittal hat sech jo Ugangs der Woch zeréckgezunn. Ënner anerem war argumentéiert ginn, datt et net genuch juristesch Protektioun géing ginn, bei eventuelle Suitte wéinst engem verknaschte Site.
RTL NEWS: Gewerkschafte kritiséieren EU-Kommissioun an ArcelorMittal Wéinst dem geplangten Ilva-Deal hat d'EU-Kommissioun aus Konkurrenzgrënn d'Vente vun enger Rëtsch Sitten ordonnéiert, dorënner Diddeleng.
De Stolris huet iwwerdeems d'Chiffere vum drëtten Trimester Public gemaach. Ënner schwierege Konditioune gouf eng Netto-Perte vu 539 Milliounen Euro notéiert.