Operatioun Jean-Claude JunckerSREL-Prozess soll eng zweete Kéier verréckelt ginn

RTL Lëtzebuerg
No der Annonce, dass de Jean-Claude Juncker e Méindeg mat engem Aneurysma operéiert gëtt, war et z'erwaarden... elo ass et offiziell.

RTL-Informatiounen no fält de sougenannte SREL- oder Frisbee-Prozess eng zweete Kéier an d'Waasser, no November/Dezember 2017. An zwou Wochen hätt dee Prozess um Stater Geriicht ufänke sollen. Wéinst der Operatioun vum Ex-Premier gëtt awer, wéi gesot, näischt doraus. De Parquet war en Donneschdeg iwwert d'Operatioun vum Jean-Claude Juncker informéiert ginn an hat doropshin all déi concernéiert Parteie kontaktéiert, mam Resultat also, dass de Prozess eng weider Kéier net ass.

RTL NEWS: Operatioun Jean-Claude Juncker: Wat genee ass en Aneurysma? Mir hu bei enger Häerzchirurgin nogefrot

Back to Top
CIM LOGO