Keen AccordSozialplang bei RTL Group en Echec

RTL Lëtzebuerg
Bis Hallefnuecht haten d’Direktioun zesumme mat der Delegatioun an der Gewerkschaft OGBL keen Accord fonnt, wéi de Sozialplang sollt ausgesinn.

Et ass deen éischten, dee fir RTL Group jeemools sollt ausgehandelt ginn.

Wéi den OGBL matdeelt, hätt d’Direktioun no 8 Verhandlungsronnen den Dësch eesäiteg verlooss, an dat scho virun dem Oflaf vum legalen Delai ëm Hallefnuecht.

Schonn en Dënschdeg de Mëtteg waren d’Verhandlungen ouni Succès op en Enn gaangen. No enger leschter Offer vun der Direktioun, hunn d’Gewerkschaft an d’Personaldelegatioun nach eng Géigenoffer gemaach, déi gouf als inakzeptabel ugesinn.

D’Fuerderung war nämlech, datt d’Indemnisatiounen fir d’concernéiert Leit sollen am Aklang mam Rekordgewënn vum éischten Hallefjoer sinn. Et wéilt ee keen - Zitat - “schlechte” Sozialplang ënnerschreiwen, seet den OGBL.

Zur Erënnerung: 94 Leit si vun den Restrukturatiounen bei RTL Group concernéiert.

44 dovunner sollen op Köln transferéiert ginn. 50 Leit sollen hir Aarbecht verléieren.

Elo geet den Dossier op d’Conciliatioun, wou d’Verhandlungen déi iwwernächste Woch dierften ufänken.

An engem Schreiwes fuerdert den onofhängege Gewerkschaftsbond weider, datt dat geheimt Ofkommes iwwert den Ancrage vun RTL Group zu Lëtzebuerg muss agehale ginn. Dofir stellt de Syndikat d’Fro, ob d’Konditiounen vun deem „ancrage“, déi heiranner virgi sinn, agehale goufen. Un d’Regierung adresséiert, ass et d’Revendicatioun d’Klauselen, déi geheim sinn, direkt public ze maachen.

D'Direktioun vun RTL Group äussert sech iwwerdeems net zu de Reprochë vun de Gewerkschaften. Et géif een et awer bedaueren, dass ee sech bis ewell net eens ginn ass. Iwwerdeems hätt een déi concernéiert Mataarbechter um Mëttwoch iwwert déi nächst Schrëtt vum Prozess informéiert an déi aktuell Propositioun vum Grupp fir e Sozialplang presentéiert.

Dës wier an hiren Ae ganz fair, esou d'Direktioun weider.

Ausserdeem wier hir vill doru geleeën, méiglechst séier a konstruktiv Verhandlungen ze hunn, fir de concernéierte Mataarbechter sou séier wéi méiglech, Kloerheet iwwert hir Zukunft kënnen ze ginn.

PDF: De Communiqué vum OGBL.

Back to Top
CIM LOGO