Neit SchouljoerSou normal wéi méiglech, awer och sou sécher wéi méiglech

Pit Everling
Den Educatiounsminister Claude Meisch huet e Freideg den Dispositif fir d'Rentrée a Covid-Zäite presentéiert.
Neit Schouljoer
Den Educatiounsminister Claude Meisch huet e Freideg den Dispositif fir d'Rentrée a Covid-Zäite presentéiert.

Sou normal wéi méiglech, awer och sou sécher wéi méiglech soll dat neit Schouljoer ausgesinn. Den Educatiounsminister Claude Meisch huet um Freideg den Dispositif fir d'Rentrée a Covid-Zäite presentéiert. Ënnert anerem gëlle 16 speziell Mesuren, e Comité de Pilotage mécht de permanente Suivi an am Fall vun Infektioune gëtt tëscht 3 Zenarien ënnerscheet.

Pressekonferenz vum Claude Meisch / Resumé vum Pit Everling

Et misst leider bësse méi laangfristeg geplangt ginn.
Claude Meisch: Mir kënnen net ausschléissen, datt dat ganzt Schouljoer ënner Covid-Bedingunge muss stattfannen.

Esou den Educatiounsminister Claude Meisch, dee vun engem Modell schwätzt, mat deem präzis a geziilt op spezifesch Situatioune soll reagéiert ginn.

Neit Schouljoer
Den Educatiounsminister Claude Meisch huet e Freideg den Dispositif fir d'Rentrée a Covid-Zäite presentéiert.

En Deel vun der Strategie besteet aus engem Plang mat 16 Mesuren. Ënner anerem fanne mer do d'Maskenobligatioun, bis d'Schüler um Stull sëtzen. Lycéeë kënnen, wa se wëllen, de Mondschutz och am Sall ordonéieren. Am Secondaire kann och op e partielle Modell vu „Schoul Doheem“ gesat ginn. Vulnerabel Persoune sollen identifizéiert a besonnesch geschützt ginn. Et solle sou vill wéi méiglech Aktivitéiten dobausse gemaach ginn an et soll och bannen, esou gutt et geet, fir frësch Loft gesuergt ginn

Claude Meisch:Um Lëften an der Schoul läit e besonnesche Fokus. D'Wëssenschaft seet, datt et zu Ustiechunge ka kommen, wa vill Leit laang an engem zouene Sall sinn.

Un d'Elteren ass et den Appell Kanner mat eeschte Symptomer doheem ze halen a si testen ze loossen. Testen ass iwwregens elo och fir d'Rentrée staark recommandéiert

Claude Meisch:All Schüler, Enseignant oder anere Professionelle ka sech virun der Rentrée teste loossen.

Et ginn och Iwwerleeungen eng mobil Teststatioun anzesetzen.

En extraen Dispositif gëtt geschafen, deen déi sanitär Situatioun permanent observéiert, evaluéiert an deen och Decisioune kann huelen. D'Santé, den Educatiounsministère an d'Schoule sollen hei enk zesumme schaffen.

Wann et zu Infektioune kënnt, gëllt e Modell mat 3 Stufen: Bei engem isoléierte Fall gëtt Tracing gemaach, d'Klass soll sech sou wäit wéi méiglech vum Rescht vun der Schoulcommunautéit ewech halen, ma et gëtt keng Quarantän-Obligatioun. Gëtt et méi Fäll dann ass awer genee dat de Fall. Beim drëtten Zenario muss eng ganz Infektiounskette festgestallt ginn.

Claude Meisch:An an deem Fall kënnen zousätzlech Mesurë fir d'Klass oder déi ganz Schoul geholl ginn. Déi Mesurë solle vun der gemeinsamer Cellule vu Gesondheetsministère an Educatiounsministère geholl ginn.

Schoulen zoumaachen, dat soll just am absolutten Noutfall geschéien, sou nach den Educatiounsminister, deen nach emol rappelléiert, datt d'Schoul an dëser Corona-Kris net déi Plaz war, wou déi meeschte Leit sech ugestach hunn.

De Schema mat A a B-Klasse gëtt iwwerdeem net méi weidergefouert. Dat war eng Léisung fir e puer Wochen z'iwwerbrécken, ma iwwert e ganzt Schouljoer verléiert een do einfach ze vill Stonnen, sou de Claude Meisch.

Back to Top
CIM LOGO