
Bei der Presentatioun vun hirem Avis um Donneschdeg de Moien huet den Direkter Carlo Thelen fir e Modell plädéiert, dee méi op qualitativen a manner op quantitative Wuesstem opbaut.
Kuerzfristeg wier d’Situatioun ganz gutt, mä dat géif net duergoen. Konkret proposéiert d’Handelskammer, 1 Prozent vum PIB vun de lafenden Depensë bei d’Investitiounen eriwwer ze huelen an eng national Kommissioun fir d’ëffentlech Investitiounen ze schafen.

Déi wirtschaftlech Situatioun zu Lëtzebuerg ass haut ganz gutt, ma et gëtt net genuch fir d’Zukunft geplangt. Den aktuelle Modell wier ze vill ofhängeg vun engem quantitative Wuesstem, an dobäi géif et awer ëmmer méi schwiereg ginn, aus dem Ausland ze rekrutéieren an d’Altere vun der Gesellschaft géif deier ginn. De Budgetsprojet fir d’nächst Joer werft fir d’Handelskammer méi Froen op, wéi datt en Äntwerte bitt.
Wuel wieren d’Staatsfinanzen haut gutt, ma 2019 wieren awer zum Deel Recetten erakommen, déi net méi zréckkommen seet den Direkter vun der Chambre de Commerce Carlo Thelen.
Wéi zum Beispill, datt een elo duerch déi elektronesch Déclaration obligatoire, déi 2017 agefouert gouf, an de Fait datt Steieren vu verschiddene Joren, déi nach méi wäit zrécklouchen, déi ginn alleguer elo méi schnell erageholl. An dat mécht een natierlech nëmmen ee mol.
De Carlo Thelen huet iwwerdeems bedauert, datt weder déi ugekënnegt Steierreform, nach de Klimapakt am Budget consideréiert ginn.
Do wësse mer nach net, wat den Impakt op d'Recette wäert sinn. An dann natierlech d'Attraktivité fiscale, do musse mer eis vill Froe stellen. Wéi ass et mat eiser Prévisibilité fiscale, wann ee gesäit, datt déi Rescrits fiscaux vu virun 2015 iwwer dëse Budgetsprojet solle gestoppt ginn, wat jo awer relativ kuerzfristeg ass an dat ass contraire zu eiser Previsibilité fiscale, déi awer wichteg ass fir eis Investisseuren.
Duerch d’Gesetz vun 2014 sinn d’Steierrulingen nëmmen nach fënnef Joer laang valabel. De Finanzminister hat bei der Presentatioun vum Budget confirméiert, datt d’Rulinge vu virun 2015 alleguer vum 1. Januar 2020 un net méi gëllen. D’Chambre de commerce fënnt déi Annonce iwwerraschend a proposéiert der Regierung eng Iwwergangsléisung bis Ënn 2020, fir datt d’Entreprise sech besser preparéiere kéinten.
D’Handelskammer begréisst, datt d’Investitiounen an d’Luucht ginn, gesäit awer nach Sputt no uewen. Bei den Ausgabe misst gespuert ginn, fir datt méi kéint investéiert ginn.
An do hu mer gerechent, wann ee géing 1 Prozent vum PIB, dat si 640 Milliounen, géing aus de lafenden Ausgaben ewechhuelen an an d'Investitioune stiechen, da géing de PIB ëm 0,4 Prozent an d'Luucht goen.
Iwwerdeems plädéiert d’Handelskammer fir d’Schafe vun enger nationaler Kommissioun fir d’ëffentlech Investitiounen, déi d’Besoinen iwwert eng Period vun zéng Joer identifizéiere kéint.