
Si hätte sech schonn Enn Juli e Konzept erwaart, wouduerch vill oppe Froen hätte kënne virun der Rentrée beäntwert ginn. An den Ae vum SEW hätt et absolut keen Dialog ginn an et géif u villen Detailer feelen.
An dat hätt dem Patrick Arendt vum SEW no och kloer Konsequenzen:
"Dat Vertrauen, wat mer alleguer brauchen, d'Enseignanten, d'Elteren, d'Kanner, dat ass doduerch gestéiert an doduerch kréie mer e schwierege Stand, wann d'Pandemie nach emol sollt optrieden."E Problem, dee sech stellt, ass dee vum Lëften. An der Realitéit wier dat awer a méi ale Gebaier einfach net méiglech:
"Et ass net sou, wéi wa mer dat systematesch kéinte maachen an et huet och net deen Effet, dee mer am Fong gären hätten. Et ass éischter sou, datt déi agebauten Entlüftungen d'Aerosolen éischter an de Schoule verdeelen. Do hu mer also eng Diskrepanz tëscht deem, wat ugekënnegt gëtt an deem, wat een um Terrain realiséiere kann. An datt ass dat, wat eigentlech gesot gëtt: Do feelt eis d'Vertrauen. Dat kann een net einfach dekretéieren, do muss een am präzise Fall kucken, wéi dat ka gereegelt ginn."
Wat d'Test-Strategie fir d'Educatioun ugeet, ass den SEW skeptesch. Et fäert een, datt an den nächste Woche vill Verdacht- an och Infektiounsfäll opkommen:
"Mir kënnen eis net virstellen, datt et do eng grouss Reaktivitéit gëtt. Warscheinlech wäert et sou sinn, datt di mobil Testunitéiten iwwerfuerdert sinn an d'Schoulen do rëm op sech gestallt sinn. Dat hätt missen am Virfeld genee gekuckt ginn, wéi dat funktionéiert. Mee mir hunn de Moment keng Anung, wéi dat a Realitéit kéint ausgesinn."
A Punkto Maskeflicht wier et dem Patrick Arendt no besser ze kucken, datt ee sou normal wéi méiglech Couren halen kann:
"Woubäi een och muss d'Susceptibilitéiten vun den Enseignantë respektéieren, déi deelweis Angscht hunn, déi och berechtegt sinn, an déi sech dann éischter zréck zéien. Do hänkt et bësse vun deem Eenzelen of."
Den Decrochage Scolaire wier keen neie Problem, e wier allerdéngs duerch d'Corona-Kris verstäerkt ginn. Et géing awer un den néidegen Donnéeë feelen, fir ze wëssen, wou déi eenzel Schüler stinn, wann d'Rentrée bis ugeet. Den SEW verlaangt dowéinst vu Säite vum Ministère, datt do déi néideg Tester gemaach ginn, fir ze wëssen, wou d'Kanner schoulesch stinn, huet de Patrick Arendt nach betount.