
Dës Satellitten ënnerstëtzen ee Kommunikatiounssystem vun der neier Generatioun. Wéi déi éischt 7 Satellitte vun deem Typ, ginn och dës 4 mat am Ganze 4 Falcon-9-Rakéite vu Cap Canaveral ofgeschoss.
D'O3b mPOWER Systemer liwweren héich performant Kommunikatiounssystemer fir Clienten an iwwer 50 Länner. D'SES a SpaceX hunn zesummen de Secteur revolutionéiert, wéi si 2013 den éischte kommerzielle geostationäre Satellit an den Orbit geschéckt hunn.