Den Ëmsaz louch bei 947,5 Milliounen Euro, 1,5% manner wéi bannent der selwechter Period zejoert. Beim Netto-Benefice sti 86,4 Milliounen am Tableau. Am éischten Hallefjoer 2019 gouf nach e bal duebel sou héije Gewënn realiséiert vun 169,2 Milliounen.
De Satellittenoperateur passt d'Joresprevisioune liicht no ënnen un a viséiert lo nach en Ëmsaz vun 1,86 bis 1,90 Milliarden. Ugangs war een do vun 1,92 bis 2 Milliarden ausgaangen.
D'Geschäfter wiere gutt gelaf, seet de CEO vun SES, Steve Collar, dee vu Konditioune schwätzt, déi net einfach waren. Ënner anerem hätt een am Ufank vun der Covid-Kris Mesurë geholl, fir Käschten ze spueren. Méi spéit hätt ee wichteg Accorde mat internationalen Televisiounsacteure kënnen ënnerschreiwen.
"Mir sinn en ligne mat eisen Erwaardungen a mat deene vum Marché, besonnesch an engem Covid-Kontext, deen Erausfuerderunge mat sech bréngt. All d'Businesser sinn iergendwéi ënner Drock, och d'Clienten. Dat éischt Hallefjoer war fir d'SES gutt, ma fir dat zweet Hallefjoer sinn eis Erwaardunge manner héich. Corona geet weider an huet en Impakt op d'Clienten."
D'SES wier net immun géint eng Situatioun, an där et international Lockdowns gëtt. Den Impakt vun der Corona-Kris hätt sech am éischten Hallefjoer zwar a Grenze gehalen, heescht et am Communiqué. Fir dat zweet Hallefjoer stellt ee sech awer drop an, datt déi global Pandemie e méi groussen Impakt op d'Performance wäert hunn.
Ma et wier een an engem gudden Dialog mat Clienten an hätt laangfristeg Partenariater ofgeschloss, seet de Finanzdirekter Sandeep Jalan. Et hätt een eng staark finanziell Positioun a vill Liquiditéiten.
D'SES ass matten an engem Transformatiounsprogramm. D'Capacitéiten, déi gebraucht ginn, sinn amgaangn z'änneren, zu Lëtzebuerg a weltwäit, sou de Steve Collar. Sou wäerten et Adaptatioune beim Rekrutement vum Personal ginn, jonk Talenter sollen an d'Boot geholl ginn.
Zu Lëtzebuerg konnten Entloossungen am grousse Stil jo verhënnert ginn. Et wier net z'evitéieren, datt Changementer en Impakt op d'Employéeën hätten, seet de Steve Collar.
"Ma et ass wichteg, déi Gespréicher op eng sozial responsabel Manéier ze féieren an dat hu mir gemaach. Mir haten ugefaangen op der Basis vun engem Sozialplang a sinn eriwwer gaange bei e plan de maintien dans l'emploi, wat gutt fir d'SES ass a wat sozial responsabel vis-à-vis vun eise Mataarbechter ass."
E Mëttwoch gouf annoncéiert, datt e „Plan de maintien dans l'emploi" zesumme mat de Gewerkschaften OGBL an LCGB ënnerschriwwe gouf, deen iwwer 2 Joer geet. Dëse soll der Entreprise et méiglech maachen, de weltwäite Restrukturatiounsplang weider ze dreiwen, ouni op kollektiv Licenciementer mussen zeréck ze gräifen.