Süde vum LandService "Coup de Pouce": Mënschen an Nout eng Wunneng verschafen

Christophe Hochard
Nieft dem Besuerge vun der Wunneng, gëtt awer och e Liewensprojet mat de Leit ausgeschafft, fir si esou fit fir den Aarbechtsmaart ze maachen.
Coup de Pouce: Mat Wunnraum an Hëllef Leit ënnerstëtzen
Zil vum Projet ass et, fir Leit, déi an Nout sinn, eng Wunneng ze verschafen awer hinnen och mat Rot zur Säit ze stoen.

Zenter elo engem Joer gëtt et de Service "Coup de Pouce" vun Inter - Actions. Zil ass et, Mënschen déi a Nout sinn, eng Wunneng ze verschafen, déi d'asbl als Locataire geréiert. Do dernieft gëtt e Liewensprojet mat der concernéierter Persoun respektiv Famill ausgeschafft fir si fit fir den Aarbechtsmarché ze maachen a sozial d'integréieren. Eng 20 Menagë ginn aktuell vun Inter - Actions betreit.

De "Coup de Pouce" ass eng Sozial Immobilien Agence, geréiert vun Inter - Actions. 12 Wunnengen hunn si am ganzen. 2 Haiser. De Recht sinn Appartementer.

All hir Wunnenge sinn am Süde vum Land. Vu Schëffleng, iwwer Diddeleng bis Beetebuerg an e.a. Suessem.

Back to Top
CIM LOGO