Neit Gesetz gestëmmtSelwer Stroum produzéieren a verbrauche soll méi einfach ginn

Fanny Kinsch
E Mëttwoch de Mëtteg ass an der Chamber dat neit Gesetz iwwert d'Organisatioun vum Stroummaart gestëmmt ginn.
© RTL

Selwer Stroum produzéieren a verbrauche soll an Zukunft méi einfach ginn - dat am Kader vum neie Gesetz iwwert d'Organisatioun vum Stroummaart, dat e Mëttwoch de Mëtteg mat 58 Stëmmen an der Chamber gestëmmt gouf. Bis ewell wier d'Eegeproduktioun vu Stroum mat Solaranlagen nach net ganz wäit verbreet, esou de grénge Rapporter vum Gesetz, de Carlo Back.

An Zukunft ginn et 3 Profiller: Éischtens individuell Stéit oder Betriber, déi mat Photovoltaikanlage Stroum fir den eegene Verbrauch produzéieren. Hei géifen och eng Rei administrativ Vereinfachunge kommen. Da kann een och als Bewunner, oder och als Betrrib an engem Appartementshaus zesummen eng Solaranlag notzen, sou de Carlo Back.

Extrait Carlo Back

"Dëse Modell ass wichteg, well doduerch, dass een e puer Stéit mat verschiddene Consommatiounsprofiller am Dag mat enger Anlag speist, kann een esou d'Autoconsommatioun am Schnëtt eropdreiwen. Dat 3. Beispill dann: Communautéit vun erneierbaren Energien. Hei kënne Leit matmaachen, Betriber, Gemengen an eng Communautéit grënnen, déi iwwert d'Haus oder d'Strooss erausginn."

D'Stroumproduktioun gëtt esou dezentraliséiert, fir den Iwwerbléck ze behalen, gëtt eng national Online-Plattform geschaf.

Déi gréissten Oppositiounspartei CSV huet de Projet begréisst an och matgestëmmt. Den Impakt op den Energieverbrauch zu Lëtzebuerg wier awer éischter bescheiden, sou den CSV-Deputéierte Paul Galles.

Extrait Paul Galles

"De Kader ass also deen: mir schwätze vun engem klenge Segment vun der Schnëttstell Stroum a virun allem de Menagen. Am grousse Ganze geschitt also keng groussaarteg Revolutioun, et handelt sech also och ëm Symbolpolitik, wat awer näischt Schlechtes ass, et muss een nämlech och Symboler setzen. Hei wäerten eng Rei Leit richteg cool Projeten draus maachen, et wäert an dësem Schrëtt awer nach net de Gros vun der Populatioun areechen."

Et misst een nämlech och bedenken, datt e grousst Startkapital an och zäitlech Disponibilitéit néideg wier, fir Stroumproduzent Doheem ze ginn, esou de Paul Galles, an deemno vill Leit keen Accès dozou hätten. Eng Kritik, där och déi Lénk sech ugeschloss hunn, déi iwwerdeems géint de Projet gestëmmt hunn. Mam neie Gesetz géifen nei Inegalitéiten entstoen, esou den Deputéierten David Wagner.

Back to Top
CIM LOGO