VideoSëll: Trakterfuerer verléiert seng Botten a mierkt et net

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg de Moien géint 9:20 Auer ass dëst an der Rue Principale zu Sëll passéiert, huet e Lieser de Kolleege vun RTL Today gemellt.
Tractor incident in Saeul
Tractor incident in Saeul

Wéi d'Police confirméiert huet, hätt de Chauffer siwen Heebotte verluer, wärend hien duerch Sëll gefuer ass. Dem Chauffer wier dat awer net opgefall. D'Aktioun gouf der Police vun engem Zeie gemellt.

Eng Policepatrull gouf op d'Plaz geschéckt an huet dës dunn ofgespaart. D'Botte goufen ewechgeholl, esou datt d'Strooss nees géint 10 Auer fräi war fir den Trafic.

Bleift nach z'erwänen, datt dësen Tëschefall keen Accident ausgeléist huet.

Back to Top
CIM LOGO