An Arméigefier geknupptSchwéier Verwonnte bei engem Accident tëscht Selz an der Bleesbréck

RTL Lëtzebuerg
Um Freideg koum et géint 15 Auer zu engem Accident op der N17 tëscht Selz an der Bleesbréck.
© Domingos Oliveira

De Won war vun der Fuerbunn ofkomm an do an ee geparkten Arméigefier gerannt. Eng Persoun gouf uerg verwonnt.

Op Uerder vum Parquet gouf den accidentéierte Auto sécher gestallt an de Miess- an Erkennungsdéngscht op d'Plaz geruff. D'Streck war wärend e puer Stonne komplett fir den Trafic gespaart.

Back to Top
CIM LOGO