Tréierer AutobunnSchwéier Blesséierte bei Accident tëscht Motocyclist an engem Camion op der A1

RTL Lëtzebuerg
Géint 12.20 Auer ass et virum Tunnel Cents zu engem Accident tëscht engem Motocyclist an engem Camion komm. De Biker war op der Plaz net uspriechbar.

Hie gouf beim Accident uerg verwonnt.

Déi riets Bunn war wéinst dem Accident gespaart. Um 14.30 Auer war d'Autobunn geraumt.

Back to Top
CIM LOGO