Vum 23. Juli unSchwäiz stuuft Lëtzebuerg als Risikogebitt an

RTL Lëtzebuerg
Wien aus dem Grand-Duché an d'Schwäiz fiert, muss fir 10 Deeg a Quarantän.

Lëtzebuerg gouf wéinst de villen Neiinfektiounen op d'Schwäizer Lëscht vun de Länner gesat, vun deenen e grousse Risk ausgeet. En Dënschdeg den Owend hat de Lëtzebuerger Ausseministère seng Bierger virun dëser Decisioun gewarnt, e Mëttwoch gouf se offiziell vun der Schwäiz confirméiert.

Wie wëlles huet, an d'Schwäiz anzereesen, muss vun en Donneschdeg u fir ganzer 10 Deeg a Quarantän a muss d'Autoritéite bannent zwee Deeg iwwert seng Arrivée informéieren. Den Transit duerch d'Land bleift awer weiderhin erlaabt.

D'Quarantän ass just an Ausnamefäll net obligatoresch: Fir déijéineg, déi all Dag an d'Schwäiz mussen areesen oder dëst fir maximal 5 Deeg aus gesondheetlechen oder beruffleche Grënn musse maachen.  E Certificat médical oder en negative Covid-Test ginn net duer, fir déi obligatoresch Quarantän opzehiewen.

D'Virschrëften iwwert d'Quarantän-Reegele kënnen duerch déi lokal Autoritéiten an de jeeweilege Kantonen adaptéiert ginn. Wien also geplangt huet, deemnächst an d'Schwäiz ze fueren, soll sech reegelméisseg op de Websäite vun de Schwäizer Autoritéiten informéieren.

Déi komplett Lëscht mat de Risiko-Länner fannt Dir hei.

Back to Top
CIM LOGO