En Automobilist hat sech do mat sengem Gefier iwwerschloen. De Samu aus der Stad, d'Ambulanz aus der Fiels an d'Pompjeeë vun Hiefenech a Jonglënster waren op der Plaz.
Weider Detailer feelen nach.
Géint 7.30 Auer koum et um CR101 tëscht Këntzeg a Mietzeg zu engem Verkéiersaccident. Och hei hat sech e Gefier iwwerschloen. Eng Persoun gouf dobäi verwonnt. Am Asaz waren d'Ambulanz vu Péiteng an d'Pompjeeë vu Käerjeng.
De Bilan vum Accident kuerz virun 8 Auer tëscht Fluessweiler an Dräibuer ass 1 Blesséierten. Sur place waren d'Pompjeeë vu Fluessweiler an d'Ambulanz vu Jonglënster.