Auto géint BamSchroen Accident tëscht Räichel an Iewerleng

RTL Lëtzebuerg
Um Méindeg de Moie koum et op der N22a tëscht Räichel an Iewerleng zu engem méi schroen Accident. D'Streck war fir länger Zäit fir den Trafic gespaart.
© Domingos Oliveira / RTL

E Chauffer hat géint 7.20 Auer an enger Lénkskéier d'Kontroll iwwert säin Auto verluer an ass mat der Chaufferssäit an e Bam gerannt. Den Automobilist gouf a sengem Auto ageklemmt a konnt eréischt vun de Rettungsekippe befreit ginn. E koum mat der Ambulanz an d'Spidol.

Op der Plaz waren d'Pompjeeë vu Réiden a Préizerdaul, grad ewéi den Ettelbréck Samu an d'Police.

D'Streck ass géint 8.45 Auer nees fir den Trafic opgemaach ginn.

Auto géint Bam tëscht Räichel an Iewerleng
En Automobilist hat d'Kontroll iwwert säin Auto verluer an ass säitlech an de Bam gerannt.

Back to Top
CIM LOGO