Mat 8 Joer Prisong, 6 dovu mat Sursis probatoire, krut hien nämlech ee Joer Sursis méi. Et blouf awer bei de Verbueter vun 10 Joer, fir Schoul halen ze däerfen, a vu liewenslänglech, fir Kontakt mat Mannerjäregen ze hunn.
De Mann, dee vun 2001 u Schoulmeeschter zu Biissen war, hat ënnert anerem wéinst "Attentat à la pudeur" de Prozess gemaach kritt. D'Faiten, déi géint hien zréckbehale goufen, goungen op den Zäitraum tëscht 2007 an 2015 zréck.