
Eng Patrull vun der Police ass op d'Plaz gefuer a konnt de presuméierten Täter ermëttelen. A sengem Auto gouf eng Schreckschosspistoul séchergestallt. Hie gouf mat op de Büro geholl, eng Plainte gouf gemaach an d'Waff gouf séchergestallt.
An der Uewerstad koum et an der Nuecht op e Mëttwoch, kuerz hannerteneen, zu direkt 3 brutalen Iwwerfäll.
Géint 23.40 Auer war ee Mann um Boulevard Royal vun zwou Persoune vun hannen ugegraff ginn. D'Täter hunn dem Affer seng Suen a Kreditkaart geklaut an hu sech dono Direktioun Stater Park ewech gemaach.
Géint 2 Auer gouf een Iwwerfall um Helleggeescht-Plateau gemellt. Hei war ee Mann vun ongeféier 5 bis 6 Persounen attackéiert ginn. Si hunn dem Mann den Hand ofgeholl a sinn Direktioun Stadgronn fortgelaf.
Nëmmen eng véierel Stonn drop gouf ee Mann virun engem Lokal an der Rue Marché-aux-Herbes iwwerfall. Och hie krut säin Handy geklaut. D'Täter hu sech dono Richtung Eecherbierg ewech gemaach.
Eng Sich no de presuméierten Täter ass negativ verlaf.
Alkoholkontroll op direkt e puer Plazen an der Stad: an der Lonkescherstrooss, an der Diddenuewener Strooss an an der Neier Avenue. Am ganze goufen 170 Automobilisten ugehalen. A 7 Fäll war den Test positiv. 2 Permisen goufen op der Plaz agezunn.