De Luc Frieden, aktuelle President vun der Handelskummer a President vun der europäescher Federatioun vun de Chambres de Commerce, mengt, dass Wirtschaftssanktiounen u sech een éischter schlechte Choix fir béid Säite sinn. Mä déi heite Situatioun konnt een net toleréieren.
"Dofir muss een acceptéieren, dass ee Sanktiounen hëlt, déi een och selwer treffen. Et ass en eesäitege Krich", sou de fréiere Minister.
Et misst ee sech awer och bewosst sinn, dass et eis wäert eppes kaschten, esou de Luc Frieden.
"D'EU exportéiert fir 80 Milliarden Euro pro Joer a Russland. Dat mécht 5 Prozent vum Export aus. Et trëfft also och eis. De Präis, dee mer wäerte bezuelen, wäert héich sinn."
De Luc Frieden prophezeit eng Hausse vun den Energiepräisser an domadder och vun der Inflatioun.