An enger Klass vu siwe Schüler gëtt d’Sprooch aktuell dräi Stonnen d’Woch enseignéiert. De System ass dobäi kloer opgebaut. Vun der Troisième u kënnen d’Schüler Lëtzebuergesch als véiert Sprooch wielen. D‘Schüler, déi normalerweis eng Optioun wielen, loossen déi ewech a kommen zousätzlech nach eng supplementar Stonn an d‘Schoul a léiere Lëtzebuergesch. Op der Deuxième dierfe se dann eng Sprooch (Däitsch oder Franséisch) ewechloossen, wa se sech fir Lëtzebuergesch decidéieren. Dëst ass op de Sektioune B bis G méiglech.
Laut Etüden ass Lëtzebuergesch fir ronn 49 % vun der Populatioun d’Haaptsprooch. An engem internationale Land wéi Lëtzebuerg gëllt si als wichtege Schlëssel fir d’Integratioun am Alldag. Sou betount d’Enseignante vun dëser Première, d’Catherine Millim: “Lëtzebuergesch ass d’Integratiounssprooch, an et gëtt méi geschriwwen, méi gelies a méi geschwat wéi jee virdrun.”
Op 3ème an 2ème léieren d’Schüler d’Orthographie Schrëtt fir Schrëtt. Op Première steet dann d’Literatur am Mëttelpunkt. Ee Roman an en Theaterstéck ginn analyséiert, ee Wierk ass dann Deel vum Examen – eng Analys vun Zitater ass gefrot, änlech wéi am Däitschen.
Fir d’Schüler selwer ass de Cours eng flott Experienz. Si beschreiwen de Cours als ofwiesslungsräich. Fir vill vun hinnen eng eemoleg Chance, déi et an där Form nëmmen zu Lëtzebuerg gëtt. “Et ass eng eemoleg Opportunitéit, well a kenger anerer Schoul gëtt dat ugebuede wéi hei.”
Am Lycée Michel Rodange kënnen d’Schüler nieft Lëtzebuergesch och nach aner Sprooche wéi Spuenesch, Italieenesch oder Chineesesch wielen. Dëst ass elo dëst Joer déi éischt Première. Aktuell sinn awer keng weider Klassen (3ème, 2ème, 1ère) opgaangen, well sech net genuch Schüler gemellt haten.