
Ob Kloertext, Background, Podcasten oder Serië fir Kanner an Erwuessener: Op RTL Play fannt Dir all d'Programmer vum Radio a vun der Tëlee einfach a séier erëm. De Gros vum Contenu kann och ausserhalb vum Lëtzebuerger Territoire gekuckt ginn.
Ugangs gouf et RTL Play just als iOS App fir iPhone, iPad an Apple CarPlay an als App op PostTV. Vun elo u kënnen och Android-Notzer eis Emissiounen am Livestream oder als Replay kucken. Fir vun der Offer profitéieren ze kënnen, muss ee just am Google Play Store no rtlplay.lu sichen. Alleguerten d'Audioen a Videoe fannt Dir och op der Websäit play.rtl.lu.