Med ChaniRTL-Interview mam Algero-Lëtzebuerger, rëm fräi an zréck zu Lëtzebuerg

RTL Lëtzebuerg
"Och wann ech frou sinn, op en Neits an engem fräie Land ze sinn, sinn ech awer virun allem amgaangen ze léieren, nees ze liewen!“.
© Eric Ewald

Dat sot am RTL-Interview de Med Chani, den Algero-Lëtzebuerger, deen 10 Joer wéinst zwou presuméierte Korruptiounsaffären an Algerien am Prisong souz an zanter knapp 3 Wochen erëm hei am Land ass; e Mëttwoch hate mer Iech dovu geschwat. Den eegenen Aussoen no realiséiert de Mann nach ëmmer net, aus där „Hell“ erauskomm ze sinn.

Um Sonndeg wär hie mat Kollegen dobausse gewiescht an hätt d'Däischtert, d'Wolleken an de Reen esou flott fonnt, wann hien un d'Zäit am Prisong zréckdenkt. Net hien eleng, mä och seng Famill hätt e Jorzéngt geklaut kritt, woubäi hien dacks geduecht hätt, et wär onméiglech, wat him geschitt. Et wär net ze gleewen, dass esou eppes zwou Flugstonne vun Europa ewech passéiere kéint, sou de Med Chani.

De Med Chani

De Me Philippe Penning, dem Mann säi Lëtzebuerger Affekot, huet Ufank Oktober, nom Algero-Lëtzebuerger senger Fräiloossung, op säi Retour an de Grand-Duché gehofft.

De Maître Penning

Den Affekot huet nach de Support vum Ausseminister Jean Asselborn ervirgehuewen an dee vun der Justiz vun deem Moment un, wou kloer war, dass säi Client an Algerien d'Affer vu Folter war.

Fir de Rescht wär een an de leschten 10 Joer Achterbunn gefuer, mat schlechten Nouvellen a gudden; schrecklech wär dat awer v.a. fir säi Mandant gewiescht.

Back to Top
CIM LOGO