Covid-Test-Statioun um FindelRonn 15% vun de Passagéier loosse sech hei testen

RTL Lëtzebuerg
A wéi eng Länner kann een den Ament fléien? Wourop muss een oppassen? A wéi gesäit de sanitären Dispositif um Findel aus?
Covid-19-Test-Statioun um Findel
A wéi eng Länner kann een den Ament fléien? Wourop muss een oppassen? A wéi gesäit de sanitären Dispositif um Findel aus?

Iwwerdeems fir vill Lëtzebuerger d'Vakanzenzäit ugefaangen huet, ass a Punkto Reesen nach villes onkloer.

D'Danielle Goergen war sech Enn leschter Woch e Bild vun der Situatioun um Findel maachen.

10 vun de 15 Fluchgesellschafte fléien nees. Leit, déi um Findel ukommen, kréien e Bong ausgedeelt. Si kënne sech fräiwëlleg op der Plaz teste loossen oder an ee vun den 3 Laboen am Land fueren. D‘Zuel vun de positiven Tester um leschte Freideg louch bei ënnert engem Prozent.

Ronn 15% vun de Passagéier loosse sech dann och sur place testen. Wat d'Restriktiounen a verschiddene Länner ugeet, do wier et un den eenzele Fluchgesellschaften, fir sech ëm déi néideg Mesuren ze këmmeren.

Leit, déi aus Risikolänner kommen, ginn also net nach eng Kéier um Findel getest. Egal wéi wiere verschidde Mesuren net ganz zouverlässeg, grad well esou vill Leit asymptomatesch sinn. D'Féiwer z.B wier och nëmmen e potentiellt Symptom.

D'Test-Statioun huet de ganzen Dag iwwer op. Dës Woch soll och en Infostand fir d'Passagéier dobäi kommen.

Back to Top
CIM LOGO