Nodeems déi prioritär Gruppe sech lescht Woch impfe loosse konnten, ka vun en Dënschdeg u jiddereen vum CHL-Personal e Rendez-vous huelen. Et géif een eng relativ héich Impfbereetschaft observéieren.
Am CHL goufen déi lescht 7 Deeg bal 400 Mataarbechter géint de Covid geimpft. Dat si knapp 10 Prozent vum Spidolspersonal. Dobäi kommen nach eng Kéier 187, déi am Centre Victor Hugo de Vaccin kruten. D'Demande ass héich, d'Rendez-vouse si séier vergraff.
M. Grégory Gaudillot Pharmacien Gérant: "On a tout de suite rempli toutes les plages qui étaient ouvertes. Il y a une vraie demande, une vraie attente des professionnels qui travaillent à l'hôpital pour ce faire vacciner. Puis le fait de voir déjà les premières personnes se faire vacciner parce qu'on a aussi un compteur sur notre page intranet ça fait un peu l'effet d'entrainement et on a de plus en plus de gens qui veulent se faire vacciner."
Well den Oflaf esou gutt klappt an d'Leit ëmmer pünktlech op hire Rendez-vous kommen, kënnen elo 72 Persounen den Dag geimpft ginn. Zousätzlech soll déi aktuell Waardezäit vum 25. Januar un als zweeten Impfraum genotzt ginn. Angscht virun de Niewewierkunge bräicht een net ze hunn.
Dr. Pit Braquet Infectolog:"Et muss ee wëssen, déi Impfung, déi ka wéi um Aarm doen, datt bal jiddereen um Dag dono oder och méi rar hu mir Leit, déi midd sinn den nächsten Dag oder bësse Féiwer hunn. De Rescht si ganz rar Niewewierkunge vun deenen ech lo net hei géif schwätzen, well dat si Raritéiten an dovunner soll ee wierklech keng Angscht hunn."
D'Bedenke vun de Leit vis-à-vis vum Vaccin wieren den zwee CHL-Mataarbechter no onbegrënnt. Fir si ass de Vaccin déi eenzeg Léisung.
M. Grégory Gaudillot Pharmacien Gérant:"Je recommande toujours de se faire vacciner pour protéger les autres et pour pouvoir s'engager dans une nouvelle vie parce que continuer la situation tel qu'elle est aujourd'hui. C'est un peu compliqué pour tout le monde. Je pense qu'aujourd'hui c'est le vaccin qui est le seul utile qui nous permet d'aller vers le renouveau."
Mat den Dosissen, déi bis elo geliwwert goufen, an de Liwwerungen, déi nach komme sollen, kéint ee bis Enn Februar ronn 1.700 CHL-Mataarbechter geimpft hunn.
