CGDISRettungshelikopter no Accident bei Suewelbuer am Asaz

RTL Lëtzebuerg
Géint 17.20 Auer e Sonndeg huet sech en Auto tëscht Suewelbuer an Haler iwwerschloen. Eng Persoun gouf schwéier verwonnt.
© Air Rescue

An enger Rietskéier ass den Automobilist riichtaus an e Feld gefuer an huet sech do iwwerschloen. De Chauffer gouf beim Accident schwéier blesséiert. Et soll sech erausstellen, dass de Chauffer zanter dem Dag virdrun e provisorescht Fuerverbuet hat. Den Auto gouf beschlagnaamt.

Am Asaz waren de Rettungshelikopter, de Samu Norden, d'Ambulanz vun Ettelbréck, grad ewéi d'Pompjeeë vun Iermsdref, Miedernach, der Fiels a Waldbëlleg.

Géint 19.50 Auer ass tëscht Habscht an Sëll e Motocyclist gefall. Eng Persoun gouf verwonnt. D'Ambulanz vu Réiden an d'Pompjeeë vun Habscht waren op der Plaz.

Fueren ënner Alkoholafloss

Zu Méischtref ass eng Automobilistin an der route de Diekirch opgefall, well se géint 00.20 Auer am Slalom ënnerwee war. Si ass bei engem Busarrêt stoe bliwwen an do hannert dem Steier ageschlof. Wéi d'Polizisten op der Plaz ukomm sinn, ass de Motor nach ëmmer gelaf. Den Alkoholtest war positiv. Bei der Kontroll huet sech erausgestallt, dass e Fuerverbuet virloung, dat nach bis 2023 leeft. Och d'Pabeiere waren net an der Rei. D'technesch Kontroll vum Auto war zanter 2018 ofgelaf an d'Steiere waren och net bezuelt. Eng Assurance konnt d'Automobilistin och net virweisen.

Zu Duelem an der rue de Walbredimus ass en Automobilist mat sengem Gefier an 2 geparkten Autoe gerannt an duerno matten an der Strooss stoe bliwwen. De Chauffer konnt vun enger anerer Persoun dru gehënnert ginn, weider ze fueren. Den Alkoholtest vum Chauffer war positiv an e provisorescht Fuerverbuet war d'Konsequenz.

Back to Top
CIM LOGO