
Bis 2050 wëll Lëtzebuerg d'CO2-Emissiounen op 1 Tonn Pro Awunner pro Joer reduzéieren. Eng grouss Aufgab, well den Ament läit ee bei tëschent 15 an 20 Tonne Pro Awunner, seet de Landesplanungsminister Claude Turmes. Et géif een elo schonn Efforte maachen: Haiser isoléieren, an erneierbar Energien, Elektromobilitéit, Zuch an Tram investéieren, ma dat géif net duergoen. Dofir ginn iwwert "Luxembourg in Transition" nei Iddie gesicht. Vun 30 Kandidature goufen der 6 zréckbehalen. Wéi gesinn déi Projeten aus a wat sinn déi nächst Etappen?
Claude Turmes: "Wéi bauen ech eng Stad, wat fiert op de Stroossen als Prioritéit, sinn et éischter Vëloen oder lues Gefierer par Rapport zu Autoen? Wou wëll ech, dass d'Leit hi wunne kommen a sou weider. A fir Lëtzebuerg stellt sech och nach d'Fro, mat eisen 200.000 Frontalieren, déi eigentlech och mat zu eiser Ekonomie gehéieren, awer och zu eise Klima-Emissioune gehéieren, wéi schaffe mer zesumme mat deem Territoire ronderëm Lëtzebuerg, wou ganz vill Frontalieren hierkommen."
Dir hutt elo 6 Projeten erausgesicht, 10 waren der an der enker Auswiel, wéi eng Krittären hu Dir do gekuckt, firwat hutt Dir grad déi do Projeten erausgesicht, a kënnt Dir ee Beispill nennen, wéi déi Projeten ausgesinn?
Claude Turmes: "Et ass esou, dass mer à ce stade virun allem wollte kucken, wat ass d'Methodologie, wat ass d'Metrik, wéi gëtt ee sech e Konzept, fir ze berechnen, wann ech déi do territorial Decisioun huelen, wéi een Impakt huet dat op CO2 an dat hunn d'Ekippen elo probéiert ze maachen. A mir hunn de Ranking dono gemaach, dass mer gekuckt hunn, hunn déi Equippen och schonn déi eng oder aner Iddi, fir flott Projeten. Mir hunn zum Beispill Ekippen, déi wëllen iwwer Gaming, also iwwer digital Spiller hëllefen, dass manner Fleesch giess gëtt, méi vegan giess gëtt. Mir hunn aner Ekippen, déi flott Iddien hunn, wéi een ëffentlech Plazen oder Stied kann esou gestalten, dass de Mënsch méi am Mëttelpunkt steet a manner den Auto. Mir haten also déi 2 Krittären, fir d'Ekippen erauszesichen, an déi nächst Etapp ass, dass se elo vun enger Method op konkret Iddie kommen, fir de Lëtzebuerger Territoire an eben och fir den Territoire ronderëm Lëtzebuerg, bei den Infrastrukturen, awer och am Allgemengen, wéi mer eis sollen organiséieren."
Do ass dann och en Austausch geplangt, mat verschiddene Gremien, déi dozou bäidroe sollen, déi Projeten auszeschaffen?
Claude Turmes: "Jo, mir hunn e wëssenschaftleche Gremium, dat si 15 Akademiker, Wëssenschaftler, déi sech gutt auskennen, bei Klimaschutz, bei Planung a sou weider. An dann hu mer en 2. Gremium, dat ass de Comité consultativ, do sëtzen all déi wichteg Acteuren, déi mer zu Lëtzebuerg hunn, e Syvicol fir d'Gemengen, d'Gewerkschaften, d'Patronat, de Mouvement Ecologique, mir hunn och elo d'ASTI bäigeholl a mir hunn och de Jugend-Rot bäigeholl, fir eben och deene Jonken eng Stëmm ze ginn. An dann hu mer e Bierger-Rot vun 30 Leit, déi zu Lëtzebuerg wunnen, oder an der Groussregioun wunnen, déi iwwert e ganzt Joer de Projet begleeden an déi mat deene 6 Ekippen elo, an duerno sinn et der nach 3, déi mat deenen diskutéieren an e gewësse "Reality Check" maachen. Déi Ekippe stellen da Saache vir an dann ass et wichteg, dass een och Bierger huet, déi soen 'Jo, mee a menger alldeeglecher Situatioun ass dat méiglech oder net méiglech'. An déi 30 Bierger wäerten awer och herno hir eegen Iddien entwéckelen a soen eis als Regierung, wéi si sech d'Zukunft vu Lëtzebuerg virstellen."
Alleguer déi Iddie fléissen dann an de Programme directeure vun der Landesplanung an, dee virgëtt, wéi bis 2035 zu Lëtzebuerg dierf gebaut ginn.