Juristesche Sträit ëm BauprojetProzess géint Déifferdenger Ex-Buergermeeschter Roberto Traversini verluecht

RTL Lëtzebuerg
No der Affär Gaardenhaischen a senger Demissioun als Déifferdenger Buergermeeschter an als Deputéierte war et eng Zäitche roueg ëm de Roberto Traversini.
An der Affär geet ëm d'Gebaier riets a lénks. Dat wäisst Gebai an der Mëtt huet näischt domat ze dinn.
An der Affär geet ëm d'Gebaier riets a lénks. Dat wäisst Gebai an der Mëtt huet näischt domat ze dinn.

Dat wäert sech awer deemnächst änneren. E Mëttwoch sollt sech de 57 Joer alen Ex-Politiker nämlech um Stater Geriicht wéinst enger anerer Affär veräntweren. Dëse Prozess gouf awer elo wéinst engem prozedurale Problem op méi spéit verluecht.
Um Escher Policegeriicht gouf hien dowéinst am November zu enger Geldstrof vun 2.000 Euro condamnéiert. De viregte Gemengepapp vun der drëttgréisster Stad vum Land war vun enger eelerer Koppel vun Nidderkuer virun d'Justiz zitéiert ginn a war géint d'Urteel an Appell gaangen.

Stater Geriicht/Reportage Eric Ewald

An zwar opgrond vum Virworf, de Roberto Traversini hätt als deemolege Buergermeeschter géint en Artikel vum Gesetz vun 2004 iwwer ënnert anerem den Aménagement communal a géint en Artikel vum Bautereglement verstouss. Dat andeems hien am November 2015 eng net-konform Baugeneemegung fir eng grouss Residence an direkter Noperschaft zum Haus vun de Leit ausgestallt hätt. D'Koppel hat vun Ufank un net genuch Ofstand monéiert, vu dass den technesche Service vun der Gemeng hir awer verséchert hat, dee Recul wär respektéiert, waren d'Leit net op d'Verwaltungsgeriicht gaangen. Well d'Koppel duerch den Neibau keng Sonn méi hannenaus krut, hat si de Gemengepapp am Mäerz 2017 ageschalt. De Roberto Traversini hat hinnen du gesot, hie géif d'zoustänneg Firma kontaktéieren, fir dass déi mat hinne schwätze géif. Bei enger Reunioun kuerz drop vun alle Parteien hat d'Sàrl Amenagementer virgeschloen. Enn Mäerz 2017 bei enger Visite des lieux bei der Koppel doheem war déi allerdéngs net mat deene Proposen d'accord.

Um Escher Policegeriicht hat d'Koppel argumentéiert, et wären 3 Meter säitlechen Ofstand néideg, a Wierklechkeet wären et awer nëmmen 1 Meter 65 bis 2 Meter 40. Den Ex-Buergermeeschter sengersäits hat erkläert, hien hätt dem Rapport vun der Bautekommissioun vertraut, wéi hien d'Baugeneemegung ausgestallt hat. D'Riichterin hat festgehalen, dass déi 3 Meter Recul latéral duerch den Neibau net respektéiert wären. De Roberto Traversini hätt deemno géint Artikele vum Gesetz vun 2004 iwwer ënnert anerem den Aménagement communal a géint Artikele vum PAG a vum Bautereglement vun der Gemeng Déifferdeng verstouss. Woufir eben eng Geldstrof vun 2.000 Euro gesprach gouf, mä kee Rétablissement des lieux. Et gouf allerdéngs en Architekt als Expert genannt, fir de Schued vun der Koppel ze chiffréieren, ënnert anerem duerch d'Moins-value vun hirem Haus.

Back to Top
CIM LOGO