OGBLProtestpiquet vum Botz-Personal virun der Imprimerie Saint-Paul

RTL Lëtzebuerg
Den Dënschdeg de Moie war e Protestpiquet vum Botz-Personal virun der Imprimerie Saint-Paul zu Gaasperech.
Protestpiquet OGBL
Den Dënschdeg de Moie war e Protestpiquet vum Botz-Personal virun der Imprimerie Saint-Paul zu Gaasperech.

Den OGBL mécht opmierksam op eng fir si inakzeptabel Situatioun, nodeems decidéiert gouf, eng aner Botzfirma ze huelen.

Dës nei Firma géif refuséieren, d'Mataarbechter vu virdrun ze iwwerhuelen a géif domadder géint de Kollektivvertrag verstoussen, an deem dës Transferte garantéiert wären.

Elo awer wären dës Salariéeë blockéiert mat fir si dramatesche Konsequenzen.

Den OGBL freet elo eng Réunioun d'Urgences mat der Federatioun vun de Botzfirmaen an appelléiert och un d'Inspection du travail et des mines, dofir ze suergen, datt an dësem Fall de Kollektivvertrag agehale gëtt.

Back to Top
CIM LOGO