Op den 1. Abrëll 2020Procureur d'État Jean-Paul Frising geet an d'Pensioun
Op den nächsten 1. Abrëll 2020 geet de Procureur d'État aus der Stad, Jean-Paul Frising, an d'Pensioun. Dat war e Mëttwoch am Mémorial ze liesen.
Den 9. Oktober gouf en entspriechenden Arrêté Grand-Ducal geholl. Potenziell Successeure vum Jean-Paul Frising op deem Poste sinn déi aktuell Procureurs d'État adjoints David Lentz a Georges Oswald.