Fuerderung vum ParquetPrisongs- a Geldstrof fir den illegalen Trafic vu Migranten

RTL Lëtzebuerg
Fir de Mann soll et an der zweeter Instanz bei der Strof aus der éischter bleiwen - konkret heescht dat eng Prisongsstrof vun 8 Joer plus 7.500€ Geldstrof.
© AFP

Fir e Mann, dee wéinst dem illegalen Trafic vu Migranten de Prozess gemaach krut, soll et an zweeter Instanz bei der Strof aus der éischter bleiwen, d.h. bei enger Prisongsstrof vun 8 Joer an enger Geldstrof vu 7.500 €: dat war allzäit d'Fuerderung vum Parquet général e Méindeg de Mëtteg am Appellprozess.

Et war dem Mann virgehäit ginn, tëscht Oktober 2015 a Mäerz 2017 ëmmer nees probéiert ze hunn, fir Migrante vu Frankräich oder der Belsch aus a Groussbritannien ze bréngen. Am Ganzen 11 sou Tëschefäll goufen him reprochéiert; de Mann hat awer am 1. Prozess ausgesot, datt 7 weider Versich Succès haten. D'Appellurteel ass fir den 18. Dezember.

Back to Top
CIM LOGO