Stater GarePresuméierten Drogendealer gouf festgeholl
Eng Police-Patrull war en Dënschdeg de Mëtteg op der Stater Gare ënnerwee, wéi zwee Männer op eemol fortgelaf sinn, wéi déi d'Poliziste bemierkt haten.
Ee vu béiden hat bei der Flucht säi Rucksak verluer. De Mann konnt spéider an der Rue Fort Neipperg gestoppt ginn. A sengem Rucksak hunn d'Beamten 20 Tute Marihuana (42,38 Gramm) fonnt.