Déi LénkPolitik vu Regierung verschäerft Ongläichheeten an der Gesellschaft

Serge Pauly
Dat soten en Dënschdeg déi Lénk, déi op hirer parlamentarescher Rentrée dem Staatsminister Xavier Bettel virgeworf hunn, d'Problemer schéin ze rieden.
Parlamentaresch Rentrée vun déi Lénk
D'Politik vun der Regierung verschäerft Ongläichheeten an der Gesellschaft, sou déi Lénk, déi dem Staatsminister virgeworf hunn, d'Problemer schéin ze rieden.

"Grouss Krise kënnen nëmme solidaresch gemeeschtert ginn" huet déi Lénk den Dënschdeg op hirer Rentréespressekonferenz ënnerstrach a bedauert, datt d'Regierung d'Zeeche vun der Zäit net erkannt hätt.

Zwee Joer virun de Walen, wiere Blo, Rout, Gréng just nach op de Rendezvous mam Wieler fixéiert, se hätte kee gemeinsame Projet méi an och guer net wëlles, nach grouss Reformen ëmzesetzen. Reformen, wéi zum Beispill d'Steierreform. Datt doraus näischt gëtt, gesäit déi Lénk als groussen Echec vun der Regierung.

An alle Beräicher géifen d'Ongläichheete méi grouss ginn. Natierlech och am Logement, fir déi Lénk, den zweete groussen Echec vun DP, LSAP a Gréng. Fir de Spriecher vun der Partei, de Gary Diderich, ass dat "esou kloer, wéi d'Biller, déi de Militärsatellit ka maachen."

Rentrée vun déi Lénk / Reportage Dany Rasqué

Zu Lëtzebuerg hätt een et ëmmer méi dacks "mat existenzielle Situatiounen ze dinn, wou Jonker keng Wunneng fannen, fir op eegene Been ze stoen. Wou Fraen de Wee aus de Fraenhaiser net fannen, wou Flüchtlingen de Wee aus de Foyeren net fannen a wou ëmmer méi Leit sech ëmmer méi verscholden, op ëmmer méi laang Zäit."

Net just de Logement, mä och Klimaschutz a Gesondheet wieren eng Klassefro. D'Deputéiert Myriam Ceccheti huet betount, datt sozial Ongläichheeten och Ongläichheeten an der Educatioun als Konsequenz hunn. An engem Bildungssystem, deen an den Ae vun déi Lénk deen Ongerechtsten an der ganzer EU ass.

"D'Schoul, esou wéi den DP-Minister Claude Meisch se reforméiert huet, verschäerft déi Ongläichheeten, déi bestinn. Wie vun ënne kënnt, bleift ganz einfach ënnen."

Dat sinn alles Ongläichheeten, déi et fir déi Lénk scho viru Corona gouf, ma de Virus hätt se verstäerkt an neier geschaf. Zum Beispill tëschent Leit déi geimpft sinn a Leit déi net geimpft sinn. D'Gesellschaft géif ëmmer weider auserneen driften an d'Solidaritéit och ëmmer méi verluer goen.

PDF: Offiziellt Schreiwes vun déi Lénk

Back to Top
CIM LOGO