TäterbeschreiwungPolice sicht no Kläpperei de Weekend an der Stad no Zeien

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht vun e Samschdeg op e Sonndeg koum et géint 1.30 Auer zu enger Kläpperei an der Géigend vum Stater Boulevard Royal. D'Police sicht no Zeien.
© RTL Archivbild

Wéi d'Police schreift, waren 3 Persounen unenee geroden. Foussgänger hätte gehollef d'Ugräifer vum Affer ewech ze zéien. Duerno wiere béid Aggresseuren an de Bus vun der Linn "CN7" geklommen a wiere beim Theater nees erausgeklommen.

Täterbeschreiwung:

Ee Mann hat kuerz raséiert Hoer, ass tëscht 1,70 an 1,75 Meter grouss a wier tëscht 20 a 25 Joer al. Hien huet Lëtzebuergesch geschwat.

Deen anere Mann huet kuerz schwaarz Hoer, ass tëscht 1,80 an 1,85 Meter grouss a gëtt och op 20 bis 25 Joer geschat. Hien huet Franséisch geschwat an hat eng rout Jackette un.

Sämtlech Informatioune si fir d'Stater Police um (+352) 244 40 4500.

Back to Top
CIM LOGO