ZeienopruffPolice sicht no Hausbrand zu Waasserbëlleg no Zeien

RTL Lëtzebuerg
Am Kader vun engem Feier de Weekend an der Rue d'Echternach zu Waasserbëlleg sicht d'Police elo no Zeien.
© Police Grand-Ducale

Um Samschdeg de 25. September ass tëscht 4 a 5 Auer Moies an der Rue d'Echternach zu Waasserbëlleg ee Feier ausgebrach. D'Police sicht an deem Zesummenhang no méiglechen Aenzeien an Informatiounen, déi zu der Ermëttlung vun de Besëtzer vun enger Rei vu Kleedungsstécker féiere kéinten.

All Informatioune si fir den Departement Enquêtes Spécialisées vun der Kriminalpolice ënnert der Nummer (+352) 244 60 1223 oder per E-Mail un den spj.es@police.etat.lu.

Back to Top
CIM LOGO