18 Chauffeure ware méi wéi 15 Stonnekilometer ze séier a missten dofir 145 Euro bezuelen an zwee Punkten um Fürerschäin ofginn. Bei zwee aneren Automobiliste gouf et net grad esou deier. Si ware manner wéi 15 Kilometer an der Stonn ze séier an hu missten 49 Euro op de Kapp bezuelen.
An zwee Fäll haten Autoen net déi néideg Pabeiere vun der Contrôle technique. Och dat huet 145 Euro an zwee Punkte kascht. Zwee Chauffeure konnten hir Versécherungspabeieren net weisen an hu misse 24 Euro bezuelen.
Ee Motosfuerer hat eng net reglementéiert Auspuffanlag ubruecht an huet misste 74 Euro bezuelen. An engem Fall gouf een Automobilist mam Telefon um Steier erwëscht. Och hei waren 145 Euro an zwee Punkte fälleg.
Een Auto ass de Beamten duerch net reglementéiert Fënsteren opgefall (74 Euro) a bei engem Chauffeur stoungen nach eng jett Protokoller op, déi nach net bezuelt gi waren. Hei gouf et eng Rechnung vu 462 Euro.