
De 29. Januar sinn d'Poliziste vu Rodange op en eventuellen Drogendeal tëscht 2 Männer an der Rue de l'industrie opmierksam ginn. Béid Männer goufe vun der Police ugehalen, beim presuméierten Täter gouf eng Bull Kokain fonnt, eng Tut mat 6 weidere Bulle goufen an enger Stopp an der Géigend fonnt.
E Samschdeg am Nomëtteg da gouf e weideren Dealer zu Rodange bei der Gare festgeholl ginn, nodeems d'Police en Drogendeal konnt observéieren. Eng Bull beim Deal selwer a 5 weider Bullen, déi verstoppt waren, konnte séchergestallt ginn. Hei gouf och den Handy a Boergeld saiséiert.
E Mann zu Esch huet sech dunn e Sonndeg den Owend opfälleg beholl, an deem e séier d'Richtung beim Goe gewiesselt huet, wéi e Policebeamte gesinn huet. Bei der Kontroll war de Mann dunn och sichtlech nervös. Mat Recht, bei him goufen nämlech 9 Bulle Kokain fonnt a séchergestallt, och hei goufen Handy a Geld confisquéiert.
Déi 3 presuméiert Täter goufen op Uerder vum Parquet festgeholl a koumen all Kéier den Dag dono virun den Untersuchungsriichter.