DiddelengPolice kritt Sträit gemellt a fënnt zwou Läichen a Wunneng

RTL Lëtzebuerg
Géint 20 Auer e Sonndeg den Owend hat e Sträit zu Diddeleng, wou eng Schosswaff am Spill war, déidlech Suitten.
© Domingos Oliveira / RTL

Wéi d'Police schreift, wieren direkt méi Patrullen op d'Plaz geruff ginn, well ebe gemellt gouf, datt Zeie Schëss héieren hunn. An der Wunneng hunn d'Beamten dunn zwou männlech Läiche fonnt. Si konnten eng Schosswaff saiséieren.

Béid Persoune waren op der Adress gemellt, waren awer net matenee Famill. De Parquet gouf informéiert an d'Police judiciaire mat der Enquête chargéiert.

Back to Top
CIM LOGO