
D'Police kontrolléiert weiderhin, ob sech heiheem un d'COVID-Reegele gehale gëtt.
D'lescht Woch waren eng 20 där Kontrollen den Dag gemaach ginn. Heibäi hunn eng Dose Leit sech missen an d'Täsch gräifen, well se sech net un d'Reegele gehalen hunn.
Des Weidere goufen d'Responsabel vun enger hallwer Dose Bistroen a Restaurante protokolléiert, well se sech net un d'Maskeflicht oder un d'Ouvertureszäite gehalen hunn. Dëst huet si op d'mannst 4.000€ kascht. Den Dossier geet un déi zoustänneg Autoritéite weider.
