
D’Persoune misste bis ugangs 2020 Lëtzebuerg a Richtung Slowakei oder Spuenien verloossen an do zu verännerte Salaireskonditioune schaffen. Betraff wären an der Haaptsaach Mënschen, déi eréischt virun 2 bis 3 Joer an d'Land komm wären. Hinne wäre wuel och nach intern Solutiounen am Betrib ugebuede ginn, mä dës Persounen hätte keng richteg Ënnerstëtzung gespuert.
Op Nofro hin huet Amazon confirméiert, dass et zu Changementer am betraffenen Departement kënnt. Betraff wären allerdéngs "nëmmen" 50 Persounen a keng 100. D‘Leit hätten och bis de Summer 2020 (also ganzer 9 Méint) Zäit, fir sech ze decidéieren, ob se weider zu Lëtzebuerg schaffen oder op Bratislava, respektiv Barcelona wéilte wiesselen.
Déi amerikanesch Firma huet och ënnerstrach, dass et sech op kee Fall ëm e Signal fir de Standuert Lëtzebuerg géif handelen. Ëmmerhi wäre weider eng 500 fräi Plaze bei hinnen hei am Land ausgeschriwwen.
Amazon huet seng Büroe viru kuerzem vum Gronn op de Kierchbierg geplënnert a beschäftegt haut eng 2.200 Mataarbechter am Grand-Duché.