
Eng Petitioun stécht den Ament absënns ervir, nämlech déi vun der Madamm Ana Pinto, déi e gratis Transport fir Leit mat limitéierter Mobilitéit freet. D'Demande geschitt virum Hannergrond vum geplangte gratis ëffentlechen Transport, esou datt handicapéiert Leit d'Adapto-Offer och kéinte gratis profitéieren.
D'Petitioun ass eréischt zanter dem leschte Freideg online an huet an dëser kuerzer Zäit ewell, bis en Dënschdeg de Moien, iwwer 4.700 Ënnerschrëfte gesammelt. Den Delai, fir z'ënnerschreiwen, leeft nach bis den 30. August, esou dass de Seuil vu 4.500 néidege Ënnerschrëften depasséiert gouf an et zu engem ëffentlechen Debat an der Chamber kënnt.
Den 2. August leeft iwwerdeem den Signatures-Delai fir 9 Petitiounen of, alleguer si se nach ganz wäit ewech vum Seuil vun de 4.500 néidegen Ënnerschrëften.
Wéi et RTL géintiwwer vum zoustännegen Mobilitéitsminister François Bausch heescht, géif hien d'Problematik eescht huelen. An deem Sënn géif hien och am September fir d'Rentrée eng Reform vum Adapto-Système proposéieren, dat am Kader also vum ëffentlechen Hearing vun der Petitionärin am Chamberplenum.
Den Adapto-Sur-Commande-Système fonctionnéiert fir Leit, déi duerch en Handicap op dësen Transport ugewise sinn. Et muss en Doktesch-Zertifikat virleien, an eng Autorisatioun vum Ministère.
Mat enger Adapto-Kaard bezuelen d'Clienten dann 8 Euro fir en Aller-Retour, de Gebrauch vun deem Service ass op 15 Trajeten de Mount limitéiert.
26 Taxi- an Bus-Entreprisen maachen beim Adapto-Système den Ament mat.